Léif Sportsfrënn a Sportsfrëndinnen,
D'Sportsdeddessen an den DT 95 Feelen si mir frou Iech matzedeelen datt mir déi 6. Editioun vum eisem “Wikingerschach on the Beach” organiséieren an dat e Freideg den 12. September 2025 ab 18h30 zu Nidderfeelen op de Beachvolleyball-Terrain, dëst Joer als After Work Edition
Fir eng Equipe unzemellen an all weider Detailer fannt dir op www.wikingerschach.lu an op Facebook ënnert "Wikingerschach on the beach".
Kommt all laanscht matspillen, einfach eppes iessen, ee Patt drénken oder mat de Kanner op eisem Sprangschlass.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt an eis traditionell Tombola ass och nees gutt gefëllt.
Falls de motivéiert wiers fir mat eng Hand unzepaken, da kanns de dech gäre bei eis mellen, all Hëllef ass natierlech wëllkomm.
Mat sportleche Gréiss,
Äre Comité vun de Sportsdeddessen