Freideg, 6 Oktober, 2023 - 19:30
Léiwe Member vun de Sportsdeddessen,
No enger laanger Paus, gëtt et endlech erëm Zäit fir…
- … ee Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen déi läscht Joren iwwerall dobäi waren,
- … ee Bilan vun eisem Trésorier iwwert eis Deddesse-Keess,
- … dem gewuer ze ginn wat de Präsi an de Comité déi naechst Méint nach Wëlles hunn (Pickleball, Quizowend, Curling, Wäindégustatioun, Sportsuniformen a villes méi…)
- … eng interessant Associatioun kennezeléiren déi sech fir een gudden Zweck asetzt
- … dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.
Komm einfach e Freiden, den 06. Oktober, um 19.30, am Restaurant Kuuscht zu Mäerzeg (5,
rue principale).
De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op seng Assemblée générale ze
begréissen.
Wann s du dann um 20.30 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei
engem gudde Plat ee gesellegen Owend mam Komitee verbréngen.
Mell dech un, bis den 05. Oktober, op eisem Site un!
Plaz / Uert:
Restaurant Kuuscht Mäerzeg