WM 2022 Tippspill

Dësst Tippspill ass gratis an exklusiv fir d'Membres Donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.
Falls du nach net Membre Donateur 2022 bass, fënns du hei eraus wéi dat geet: Don machen

 

Reegelen

System: Getippt gëtt d’Endresultat vun den 48 Gruppematcher vun der WM 2022.

Fir eng richteg Tendenz (zB Tipp 2-1, Resultat 5-0) ginn et 3 Punkten, fir eng richteg Goaldifferenz (zB Tipp 0-2, Resultat 1-3) ginn et 4 Punkten an fir ee genau richtegen Tipp 5 Punkten.

Zousatzfroen
Pro KO-Ronn (1/8, 1/4, 1/2 a Finall) déi ee Favorit (Equipe) ereescht, ginn et jeweils 4 Punkten. Fir de Weltmeeschter ginn et 10 Extra-Punkten.
Pro offiziell geschossene Goal vum Goalgetter (Spiller) ginn et 3 Punkten. 

Ween no der WM déi meeschte Punkten huet, ass gewonn. Bei Ex-Aequo entscheed als éischt ween déi meeschte Resultater exakt richteg hat, an dann réischt d’Schätzfro. D'Tippspill ass exclusiv fir Membres Donateurs a limitéiert op eent pro Member.

Den Delai war den 19.11.2022


Präisser

Et gi flott Präisser ze gewannen: Präisser