Fussball

Eng vill praktizéiert Sportart vun de Sportsdeddessen ass Fussball.

 

Zweemol am Mount gëtt Mëttwochs an der Hal vum Sporthotel Leweck Fussball gespillt. Demno wéivill Memberen do sinn, maache mir zweschen 2-4 Equippen. Lass geet ët um 19h30 a mir kënnen d'Hal da bis zu zwou Stonne benotzen.

 

Traditionnel organiséiere mir och all Joer zwee Fussballstournoien: Am Dezember eise Wintercup mat 10 Equipen an der Hal an am Juni/Juli eise Summercup mat 16 Equipen um syntheteschen Terrain zu Lëppschent.

 

Niewent deenen 2 Tournoien, déi mir als Veräin selwer organiséieren, huele mir och u verschiddenen Fussballstournoien vun aanere Veräiner deel.