Generalversammlung 2020

Freideg, 24 Abrëll, 2020 - 19:30 bis 21:00

Léiw Memberen vun de Sportsdeddessen,

Mir feieren dëst Joer 10 JOER SPORTSDEDDESSEN!!!

Och dëst Joër…

  • … gëtt et een Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen d’Joër virdrun iwwerall dobei waren a geglänzt hunn.
  • …kanns du rausfanne wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht.
  • …gëss du gewuer wat de Präsi an de Comité fir déi naechst Méint nach Wëlles hunn.
  • …kanns du dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.

De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) de 24. Abrëll um 19.30 op senger Generalversammlung ze begréissen.

Mat sportleche Gréiss,

De Comité vun de Sportsdeddessen

Sportart: 
Assemblée Générale