Poker: 11. DSOP - Autumn Event 2017

Samsdeg, 18 November, 2017 - 17:30

Léif Sportsdeddessen Memberen,

No enger längerer Paus sinn D'Deddessen Series of Poker zréck,  an dëst fir déi 11. Kéier, allerdéngs déi 1. Kéier am Joër 2017 !

Et si schonn renomméiert Legenden ugekënnegt wéi den aktuellen Titelverteideger an dueblen DSOP-Gewënner "Paddy", deen aner dueblen Titelträger "Swissman", den PEP-Gewënner 2017 an 8. DSOP-Gewënner (Autumn Event 2015) Pick, an nach aner Titelverteideger vun den DSOP, d'Crème de la Crème also ;)

Den Tournoi start den Samsdes den 18.11 um 18h11, pünktlech !

Registration ass ab 17h30.

De Modus ass plus ou moins d'selwescht wéi ëmmer, mat puer klengen Ännerungen, notamment datt et bëssen éischter ugeet an d'Struktur deemno bësse méi lues waert sinn.

Intresséiert Spiller sollen sech um 661 291181 per sms oder whatsapp mellen fir méi Infos ze kréien, et gëtt och eng whatsapp Grupp gemaach mat all den Infos an updates wéivill Plazen nach fräi sinn, mir huelen nämlech maximal 32 Spiller un an déi éischt si vir !

D'Umellungen zielen w.e.g. och just per sms oder whatsapp dann op déi Nummer, daat mecht d'Saach méi einfach fir eis, d'Umellung hei um site ass reng fakultativ a gëtt nët berücksichtegt.

Bis hoffentlech geschwënn,

Good game!

fir de Komitee vun de Sportsdeddessen,

ds

Plaz / Uert: 
Sporthotel Leweck
Sportart: 
Poker

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Toisul Steve
Pascal Bormann
Teixeira Miguel
Ech si net do
Kommentar
Teixeira Miguel Geet elo leider nettmei :(