WIKINGERSCHACH ON THE BEACH

Samsdeg, 18 September, 2021 - 10:00 bis 18:30

Salut,

D'Sportsdeddessen an den DT 95 Feelen si mir frou Iech matzedeelen dass mir no engem schwieregen Joer 2020 ouni weider Sportsmanifestatiounen oder ähnleches endlech déi 2. Editioun vum eisem “Wikingerschach on the Beach” kennen organiséieren an daat dëse Samsden den 18. September 2021 ab 10h00 zu Nidderfeelen op de Beachvolleyball-Terrains (natiirlech ënnert deenen aktuellen Covid-Check Mesuren).

Fir eng Equipe unzemellen an all weider Detailer fannt dir op www.wikingerschach.lu an op Facebook ennert "Wikingerschach on the beach".

Kommt all laanscht matspillen, einfach eppes iessen, ee Patt drenken oder mat de Kanner op eis Sprangschlässer.

Mir grillen, et gi Cocktailer an eis traditionell Tombola ass och nees gudd gefëllt.

Falls de motivéiert wiers fir mat eng Hand unzepaaken, da kanns de dech gäre bei eis mellen, all Hëllef ass natiirlech wëllkomm.

Bis e Samsden,

Mat sportleche Gréiss,

Äre Comité vun de Sportsdeddessen