EM 2020 Tippspill

Freideg, 11 Juni, 2021 - 17:00 bis Sonntag, 11 Juli, 2021 - 23:00

Léif Sportsdeddessen-Memberen, léif Membres donateurs, léif Sportsfrënn,

Endlech ass et erëm sou wäit: eng Futtball-Europameeschterschaft steet virun der Dier, an domat och dat neit Deddessen-EM2020-Tippspill.

Och dëst Joer ginn et erëm vill flott Präisser ze gewannen: ee Wellness-Weekend am Sporthotel Leweck, eng Ballon-fahrt fir 2 Persounen a vill anerer.

Wéi gewinnt geet et drëm déi eenzel Resultater aus de Gruppematcher ze tippen plus e puer Extratipps.

Wärend de Matcher gëtt den aktuellen Ranking LIVE op www.tippspill.com aktualiséiert, a sou kënnt dir iech mat äre Kollegen vergläichen, a firwat och net kleng „Sidebets" maachen. Kommentaren zu der EM an zum Ranking ginn och reegelméisseg publizéiert.
Dir kënnt iech och zu Tippgruppen zesummeschléissen, fir nach besser d'Resultater vun äre Frënn, Famill oder Aarbechtskollegen ze verfollegen.

Dëst Tippspill ass gratis an exklusiv fir d'Membres donateurs vun der Sportsdeddessen a.s.b.l.

Falls dir nach net Membre donateur 2021 sidd, fann dir hei eraus wéi dat geet: Don maachen.

Ab dem 11.6.2021 kenn dir iech d'Tipps vun alle Spiller um Site www.tippspill.com ukucken.

Och dëst Joer kenn dir är Tipps direkt online aginn. Wéi dat geet an all weider Detailer fannt dir op www.tippspill.com.

De Comité vun de Sportsdeddessen wënscht iech elo scho vill Spaass an Erfolleg beim Tippen, eng flott Virfreed déi scho bei munch engem duerch den Panini-Album entfacht ass, sou wéi natierlech eng nach méi flott Europameeschterschaft.

 

Mat sportleche Gréiss,

 

De Comité vun de Sportsdeddessen

Plaz / Uert: 
Europa
Sportart: 
Futtball