Generalversammlung 2019 ( (OPGEPASST den Datum huet geännert))

Freideg, 29 März, 2019 - 19:30 bis 21:00

Léiw Memberen vun de Sportsdeddessen,

Och dëst Joër…

  • … gëtt et een Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen d’Joër virdrun iwwerall dobei waren a geglänzt hunn.
  • …kanns du rausfanne wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht.
  • …gëss du gewuer wat de Präsi an de Comité fir déi naechst Méint nach Wëlles hunn.
  • …kriss du d’Méiglechkeet eng interessant Associatioun kennezeléiren déi sech fir eengudden Zweck asetzt
  • …kanns du dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.

Komm einfach e Freiden, den 29. März, um 19.30, an de Konferenzsall vum HotelLeweck!
De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op senger Assemblée générale ze begréissen.

Wann s du dann um 20.45 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat am Restaurant Leweck, an dono bei engem gudde Cocktail an der Bar, ee gesellegen Owend mam Komitee verbréngen.

Mell dech un, bis den 22. März, hei um Site un a präziséir eis och de Choix vun dengem Plat (Plat A/B).

Plat A : Bouchée à la reine + Waasser + Wein -25 Euro
Plat B : Salade Scampi + Waasser +Wein – 25 Euro

 

Mat sportleche Gréiss,
De Comité vun de Sportsdeddessen

Plaz / Uert: 
Hotel Leweck
Sportart: 
Assemblée Générale

Umellungen

Ech sinn do
Kommentar
Chrescht süd Plan A
Paddy Plat B
Chrescht süd Menue A w.e.g. Merci ;)
Chrëscht Plat A
Ech si net do
Kommentar
Dan P