Freideg, 16 März, 2018 - 19:30 bis 21:00
Léiw Memberen vun de Sportsdeddessen,
Och dëst Joër…
- … gëtt et een Réckbléck vun den Aktivitéiten wou d’Deddessen d’Joër virdrun iwwerall dobei waren a geglänzt hunn.
- …kanns du rausfanne wat de Komitee mat de Suen vun der Deddesse-Keess stiicht.
- …gëss du gewuer wat de Präsi an de Comité fir déi naechst Méint nach Wëlles hunn.
- …kriss du d’Méiglechkeet eng interessant Associatioun kennezeléiren déi sech fir eengudden Zweck asetzt
- …kanns du dem Komitee deng Meenung soen an dobei och nach een Patt offréiert kréien.
Komm einfach e Freiden, den 16. März, um 19.30, an de Konferenzsall vum HotelLeweck!
De Comité géif sech freeë fir dech (an däi Partner) deen Dag op senger Assemblée générale ze begréissen.
Wann s du dann um 20.45 och nach Honger hues, a nach net heem wëlls, da kanns du, bei engem gudde Plat am Restaurant Leweck, an dono bei engem gudde Cocktail an der Bar, ee gesellegen Owend mam Komitee verbréngen.
Mell dech un, bis den 10 März, hei um Site un a präziséir eis och de Choix vun dengem Plat (Plat A/B).
Plat A : Bouchée à la reine + Waasser + Wein -25 Euro
Plat B : Salade Scampi + Waasser +Wein – 25 Euro
Mat sportleche Gréiss,
De Comité vun de Sportsdeddessen
Plaz / Uert:
Hotel Leweck
Sportart:
Assemblée Générale