Events

News Ticker

Congratulazioni la squadra azzurra e jm_masita, i campioni ! Duerch déi 10 Exra-Punkten fir den richtegen Europameeschter gewënnt den jm_masita schlussendlech d'Sportsdeddessen EM T2020 Tippspill mat 5 Punkten virun der Konkurrenz, Felicitatiounen !
vum Swissman virun 4 Monate 3 Wochen
Sollt England muer gewannen, dann ass dem Nico Hamen den Titel am Tippspill net méi ze huelen. Gewënnt Italien, dierft den jm_masita gewannen, ausser de Kane schéisst 2 Goaler oder méi, da gewënnt den Alain Jacqué.
vum Swissman virun 4 Monate 3 Wochen
Am Tippspill féiert weiderhin de Paddy Steffen punktgläich mam Alain Jacqué, an 1 Punkt virum Nico Hamen. Fir den finalen Tippspill-Gewënn kënnt hien awer net a Fro, well hien weder op England nach op Italien als Gewënner getippt huet, de Lukaku ass eraus
vum Swissman virun 4 Monate 3 Wochen
1 Goal - an zwar duerch een héchst emstriddenen 11m - schéisst den Harry Kane an qualifizéiert domatter England fir d‘Finall géint Italien, doheem am Wembley Stadion. Am Tippspill bréngt hien all Mënsch deen op hien getippt huet 3 Punkten.
vum Swissman virun 4 Monate 3 Wochen
No der Victoire vun Italien géint Spuenien no 11m Schéissen iwwerhëllt de Paddy d‘Spëtzt vum Tippspill, 3 Punkten virun Pinky an Alain Jacqué - déi grouss Fro haut: wéivill Goaler schéisst den Harry Kane? :)
vum Swissman virun 4 Monate 3 Wochen
Bei engem Europameeschter Italien hätt den jm_masita op Plaz 11 nach Chancen op den Titel, sou laang den Harry Kane maximal nach 1 Goal schéisst...
vum Swissman virun 4 Monate 4 Wochen
Sollt England allerdéngs Europameeschter ginn, dierft de Nico Hamen Tippspill-Champion ginn, huet hien dach als eenzegen an den Top 10 nach d'Chance op de richtegen EM-Gewënner, deen him 10 Bonuspunkten géif abréngen!
vum Swissman virun 4 Monate 4 Wochen
Duerch Goaler vum Harry Kane klëmmt de Pol G. op déi 2. Plaz an huet gutt Chancen op den Titel falls de Kane weider marquéiert an Spuenien weider kënnt. Sollt Italien an d'Finall kommen gesäit et gutt aus fir den Tippspillmaster himself Paddy (3.).
vum Swissman virun 4 Monate 4 Wochen
An eisem Tippspill bleift et EXTREM spannend, hu mir dach elo 4 Leit punktgläich un der Spëtzt mat 132 Punkten. De Joe Ludovicy bleift momentan 1. awer nëmmen duerch séng 10 Volltreffer.
vum Swissman virun 4 Monate 4 Wochen
Mat Italien, Spuenien, Dänemark an England stinn déi 4 Halleffinalisten fest, woubäi Dänemark secherlech eng Iwweraschung ass, ëmmerhin haten awer 13 Matspiller daat getippt. (England 176, Italien 142, Spuenien 137).
vum Swissman virun 4 Monate 4 Wochen
Dem Ferd Kalmes op der leschter Plaz schéngt d‘Tablett Schockela net méi ze huelen ze sinn, huet hien just nach Dänemark am Rennen…woubäi den Daniel Trezzi op Plaz 353 Italien an d’Belsch nach dran huet an 6 Punkte Virsprong…
vum Swissman virun 5 Monate 3 Tage
Pinky op Plaz 3 an de Paddy eisen Tippspill-Master op der 4. Plaz sinn déi eenzeg aus den Top 8 déi nach e potentiell richtegen Europameeschter (Belsch) am Rennen hunn an domatt ganz zum Schluss nach emol 10 Punkten kéinten marquéiren, plus de Romelu…
vum Swissman virun 5 Monate 3 Tage
Am Tippspill bleiwt et och spannend, de Joe Ludovicy huet d‘Féirung iwwerholl 2 Punkten virun Portelinha an Pinky. Opbauend op séng 10 Volltreffer sinn och nach 3/4 Favoriten dran an de Benzema huet marquéiert, mee säin Meeschter-Tipp Frankräich ass eraus
vum Swissman virun 5 Monate 3 Tage
Waat 1/8 Finallen... Weltmeeschrer a Vize-Europameeschter, Europameeschter, Vize-Weltmeeschter, Ex-Weltmeeschter ... alleguer raus! Am Tippspill blewt et spannend well eng Rei getippten Favoriten awer nach dra sin!
vum Chrëscht virun 5 Monate 4 Tage
bis zum Schluss alles duercherneen rësselen... Duerfir et bleiwt spannend. D'Rennen fir eng lecker Tablett Schokolat fir deen leschten vun hannen ass och nach net entscheed. Do get et am Moment een Zweekampf zweschen dem Ferd Kalmes an Daniel Trezzi.
vum Eug virun 5 Monate 6 Tage
Beim Tippspill ass un der Spëtzt alles no beieneen an domat alles méiglech fir nach ennert di éischt 15 Plaazen ze kommen waat bedeit dass een flotten Praiss op deenjeengen waard. Och de Goalgetter an den richtegen Europameeschter kann hei nachmol
vum Eug virun 5 Monate 6 Tage
well eng ganz Rëscht Leit Portugal respektiv Belsch als Europameeschter getippt hun .... Loossen mir eis hei dann mol iwerraschen weem sain Favorit hei dann waerd weider kommen. Och di aaner 1/8 Finallen ginn mat Spannung erwaard ...
vum Eug virun 5 Monate 6 Tage
Nodeems di 4 éischt Matcher an den 1/8 Finallen schon gespillt sinn an Dänemark an Italien jidderengem 4 Punkten bruecht huet deen op si gesaat huet, ass et haut un Holland-Tschechien an Belsch-Portugal. Zumols deen zweeten Match ass ganz interessant ....
vum Eug virun 5 Monate 6 Tage
Net ze vergiesse 10 Punkten fir de richtegen Europameeschter, wou ALL déi getippten Equipen nach dra sinn (Frankräich 134x, Belsch 62x, England 36x, Däitschland 35x, Italien 34x, Portugal 25x, Holland 14x, Spuenien 9x, Dänemark 3x).
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
De Joe Ludovicy op der 13. Plaz huet déi meescht Volltreffer (10), an daat wäert och elo net méi änneren well jo keng Resultater méi getippt ginn. Et bleift awer spannend, duerch 4 Punkten fir all Ronn wou séng Favorite weider kommen plus Goalgetter.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
Bemierkenswert: Déi éischt 35 am Klassement hunn och 4/4 Favoriten weider, den Embolo op der 36. Plaz ass dee Beschten wou der nëmmen 3 weider sinn (Polen net). Et ass iwwerhaapt keen dee manner wéi 3 Favoriten richteg huet, mee daat wert gläich änneren.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
Op déi 4. Plaz matt 111 Punkten kënnt den "09" sénges Zeechen BVB-Fan, deen vun den 2 Goaler vum Benzema profitéiert huet fir sech eropzeschaffen, éier dann op der 5. Plaz rem een Portugal-Ronaldo Tipper och matt 111 Punkten steet.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
D'Ranglëscht féiert dann och e portugiseschen Trio un déi allen 3 op Portugal als Europameeschter an den CR7 als Goalgetter gesat hunn, virop den Daniel Portelinha mat staarken 114 Punkten, virum Pa an dem Fernandes Miguel (allen zwee 112 Punkten).
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
D'Virronn ass ofgeschloss an d'Aachtelsfinallen si bekannt! Däitschland rett sech duerch en 2-2 nach, an och Portugal spillt géint Frankräich 2-2 no zwee 11m-Goaler vum CR7...daat freet 34 vun eise Matspiller déi nach emol 6 Bonuspunkten kréien :)
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
D‘OESCA knackt als 1. déi 100 Punkten an bleift domatt ee Punkt virum Pinky. Muer kéinten Däitschland an den Thomas Müller dem OESCA hëllefen d‘Féirung auszebauen. 98 Punkten hunn op de Plazen 3-5 de GregH, d‘Gina an den Thechinho.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
D’Äntfert ass nee, de Kane trëfft och am 3. Match net, England klappt Tschechien awer mat 1-0 duerch den 2. Goal vum Sterling. Kroatien kënnt weider duerch een 3-1 géint Schottland déi domatt eliminéiert sinn.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
D’Äntfert ass nee, de Kane trëfft och am 3. Match net, England klappt Tschechien awer mat 1-0 duerch den 2. Goal vum Steeling. Kroatien kënnt weider duerch een 3-1 géint Schottland déi domatt eliminéiert sinn.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
Mat 4/4 richtegen Tendenzen gëschter iwwerhëllt d‘OESCA d‘Féirung 4 Punkten virum Tom Johanns an 5 virum GregH. Elo geet et weider matt Tschechien-England an Kroatien Schottland. Schéisst den Harry Kane säin 1. Goal? 37 Tipper hoffen…
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
Nodeems sech gëschter Dänemark an Éisterräich direkt matt Victoiren qualifizéiert hunn, koumen Franräich, England, Schweden, Schwäiz an Tschechien „op der Couch“ an d‘1/8-Finall, well ee mat 4 Punkten elo secher bei denen 4 beschten 3. ass.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
Bei eis bleift de GregH un der Spëtzt, neien 2. ass elo den OESCA, deen staark 9 Punkten haut gesammelt huet. Den Tom Johanns ass elo 3. an den Théo Hentz 4., matt 3 vu sénge 4 Favoriten déi scho weider sinn (Italien, Belsch, Holland) + 3pt Lewandowski.
vum Swissman virun 5 Monate 1 Woche
Mo Di Mi Do Fr Sa So
1
2
3
4
5
6
7
 
 
 
 
 
 
 
8
9
10
11
12
13
14
 
 
 
 
 
 
 
15
16
17
18
19
20
21
 
 
 
 
 
 
 
22
23
24
25
26
27
28
 
 
 
 
 
 
 
29
30
1
2
3
4
5